Kleng Bichelcher

Luet déi Kleng Bichelcher hei erof.

Esou gëtt e Klengt Bichelche gefaalt

LÉIF KANNER,

Mir hoffen, datt dës 18 kuerz, illustréiert Geschichten, déi mir Kleng Bichelcher nennen, iech erméiglechen, d‘Freed um Liesen z‘erliewen a méi iwwer déi vilfälteg Welt ronderëm iech an déi vill verschidde Mënschen, déi do liewen, gewuer ze ginn. Fir datt mir alleguerte matenee schwätze kënnen, ass et ganz wichteg, d‘Welt mat den Ae vun engem anere Mënsch ze gesinn an sech an dëse Mënsch eranzeversetzen. Wann dir no der Lektür vun dëse Klenge Bichelcher Froen hutt, da stellt dës Froe wannechgelift erwuessene Leit, déi iech nostinn. Dës Kleng Bichelcher goufe vu 36 Auteuren an Illustrateuren aus Litauen, Lettland an Estland verfaasst, déi alleguerten d‘Léift zur kreativer Aarbecht, zur Kannerliteratur an de Wonsch deelen, Geschichten z‘erzielen, déi dir nach ni virdrun héieren hutt.

LÉIF ERWUESSENER,

D‘Literaturnobelpräisträgerin Olga Tokarczuk huet gesot, datt „nëmmen d‘Literatur an der Lag ass, eis déif an d‘Liewe vun engem anere Wiesen andauchen ze loossen, seng Grënn ze verstoen, seng Gefiller ze deelen a säi Schicksal z’erliewen an ze spieren”. Dës Wierder hunn eis zu engem Projet inspiréiert, an deem 18 Kleng Bichelcher vu balteschen Auteuren entstane sinn, déi sech mat Theme wéi Mënscherechter, tëschemënschlech Relatiounen a eis eege Perceptioun befaassen. Mir invitéieren Iech, dës Kleng Bichelcher mat Kanner am Alter vu 6 bis 10 Joer ze liesen an no der Lektür iwwer déi Geschicht, déi Dir gelies hutt an d‘Verbonnenheet, déi Dir dobäi empfonnt hutt, ze diskutéieren, fir de Kanner dobäi ze hëllefen, iwwer hir eege Gefiller an d‘Gefiller vun deenen aneren nozedenken. Dobäi gitt Dir ënnerstëtzt vu Froen, déi vun un dësem Projet bedeelegte Kannerpsychologen a Kannerpsychologinne virbereet goufen, a vun enger op Kannerliteratur spezialiséierter Persoun, déi och e puer Recommandatiounen ausgeschafft huet, wéi dës Kleng Bichelcher agesat kënne ginn, fir d‘Kreativitéit vun de Kanner ze fërderen

LÉIF CREATEURE VU KANNERLITERATUR A FACHLEIT,

Dëst ass deen éischte kreative Gruppeprojet vun dëser Aart, un deem Auteuren an Illustrateuren aus deenen dräi baltesche Länner bedeelegt sinn. Net manner wéi 36 Kënschtler a Kënschtlerinne mat ënnerschiddleche Stiler, Approchen a Charakteren hu kuerz, originell, illustréiert Geschichte fir jonk Mënschen – zukünfteg Weltbierger a Weltbiergerinnen – kreéiert, déi an der haiteger Realitéit opwuessen. Dës Geschichte behandele fënnef verschidden Themen am Zesummenhang mat de Mënscherechter: Gläichberechtegung, kulturell Diversitéit, Behënnerung, Geschlechterrollen, Altersdiskriminéierung a Meenungsfräiheet a gräifen domat Themen op, déi hautdesdaags vu grousser Bedeitung sinn, wéi z. B. Inklusioun an Duerstellung an der Kannerliteratur. Dës Kollektioun gëtt dëse Createuren och d‘Méiglechkeet, sech selwer ze presentéieren an eng räichhalteg Auswiel vun hire Wierker virzestellen. Mir invitéieren Iech, den Domän vun der baltescher Kannerliteratur z‘entdecken, dës wonnerbar Wierker ze genéissen an eng Relatioun zu den Auteure vun dëse Klenge Bichelcher opzebauen.

Luet déi Kleng Bichelcher hei erof.